KulTourhaus Hunchereng November 2023 Dë. 14 um 20 Auer / Më. 15 um 20 Auer   Cape Ettelbréck November 2023 Më. 22 um 20 Auer / Do. 23 um 20 Auer

Regie Jean-Paul Maes Assistenz Raphael Lemaire mam Nicole Max / Claude Faber

KulTourhaus Huncherange

Ee Päerderchesspill

Jean-Paul Maes

 

Den Häer Sunnen ass Forrain a wunnt an engem Appartement, wat hie séch esou just nach leeschte kann. Well hie sech net genuch ëm déi alldeeglech Saache këmmert, huet hien iwwersinn, datt déi Koppel, déi him dat Appartement verlount haat, ewell virun enger Zäit verstuerwen ass.

Do daucht eng Madame Dondelinger op, wéi si seet, eng wäitleefeg Niece, déi wuel eenzeg Ierwin ass. Natierlech kënnt si fir éischtens emol hier nei Proprietéit ze gesinn an virun allem de Loyer erop ze setzen.

D’Welt vun de Kiermesleit ass hier eng zimlech friem, déi si op eng gewësse Manéier faszinéiert, ouni séch wierklech virstellen ze kënnen, eng Kéier faktesch dermat ze doen ze kréien.

Den Häer Sunnen mengt awer déi Madame Dondelinger ze kennen … et kritt een esouguer no a no den Androck, datt hien vun Ufank u sécher ass, ze wëssen mat wiem hien et ze dinn huet. Hiert Gespréich fänkt un séch ëmmer méi déif an hier onerfëllte Liewesweeër ze bueren, bis si séch um Enn zimlech blouss hannert hieren verluerenen Illusiounen erëmfannen.

 

Am Jean-Paul Maes sengem raffinéierte „Päerderchesspill“ […] geet et ëm sozial Konditionéierung, ma och ëm d’Responsabilitéit, déi Elteren a Proffen fir d’Liewensentscheedunge vun de Kanner a Schüler matdroen – de Maes weist, dass eng „behitte“ Kandheet net virun dem Scheiteren oder dem kriminelle Wee schützt.”
Jeff Schinker, Tageblatt

In „Ee Päerderchesspill“ prallen zwei unterschiedliche Welten aufeinander: das ungezügelte, wilde Leben, das vom Schausteller verkörpert wird und die Seite der Disziplin und harten Arbeit, die sich in der Figur der Frau Dondelinger bündelt. Parallel nähert sich das Stück Problemen wie sozialer Ungleichheit, der Wohnungskrise und dem schwierigen Beruf von Lehrern an, streift aber ebenso Themen wie Selbstverwirklichung und Gesellschaftsdruck sowie sexuelle Belästigung und Alkoholismus.
Nora Schloesser, Luxemburger Wort