Vum Ian de Toffoli
De schlaue Fuuss klaut, litt, bedritt, trickst aus, leet eran, täuscht a mäerdert säit méi wéi zwee Joerdausend. Vun de griicheschen a réimesche Fabelen, wou de Fuuss seng archetypesch Roll vun der Schlauheet zur Iwwerliewenskonscht mécht, bis zum anthropomorphiséierte mëttelalterleche Charakter Reynard, deen d’Hypokrisie vun de regéierende Klassen an dem Klerus, oder déi rigid Hierarchie vun der feudaler Gesellschaft blouss stellt, huet sech de Fuuss vun engem klengen Déif an en gewëtzten Antiheld verwandelt.
De Goethe an de Rodange hunn dem Fuuss säin Discours a seng Sprooch zu enger zynescher a satirescher Kritik un de mënschlechen Institutiounen an der mënschlecher Natur, zu engem Spigel vun den Ängscht – virun der Fro vun der Muecht, der Moral an der Wourecht – vun der westlecher Zivilisatioun gemaach. An hautdesdaags? An enger Welt wou mer konstant mat Informatiounen a Stimuli bombardéiert ginn, wou et kaum nach méiglech ass, dat Richtegt vum Falschen z’ënnerscheeden, wou d’Welt um Bord vum Ofgrond schwieft, tëscht sënnlose Kricher, Klimawandel, an dem Kaméidi vun de Bottinnen, deen ëmmer méi haart gëtt, wou steet do de Fuuss?
Dëse Monolog, geschriwwen, am Kader vum Rodange-Jubiläum, vum Ian De Toffoli fir den Timo Wagner, an an der Inszenéierung vum Loïc Tanson, geet där Fro op de Grond.
—
De Ian De Toffoli ass Schrëftsteller an Dramatiker. Säi leschten Text, Léa ou la théorie des systèmes complexes, koum 2025 beim franséische Verlag Actes Sud eraus a krut d’lescht Joer de Servais Präis. Hien ënneriicht Literatur op der Uni.lu.
