KulTourhaus Huncherange

Februar 2027

So. 7.2. um 17.30
Më. 10.2. um 20.00
Do. 11.2. um 20.00
Fr. 12.2. um 20.00
So. 14.2. um 17.30

 

Regie
Jean-Paul Maes
Bühn/Kostümer
Michèle Tonteling
Musek
Al Ginter
Techn. Leedung
Roland Jakobi
Assistenz
Brigitte Bintz

mam
Nicole Max – Fabienne Elaine Hollwege – Marc Baum

De Container

Vum Jean-Paul Maes

 

D’Christiane ass eng eeler Damm an engem rougen Appartement, déi hir Duechter Jessy, ewell eng erfollegräich Managerin, ni richteg lassgelooss huet, ëmmer nees op eng  goistesch Manéier eng gewësse Betreiung vun him verlaangt, wouvun d’Jessy séch net befreië kann, well seng Mamm extrem exigent ass. De Papp huet d’Mamm ewell laang verlooss, kee weess esou richteg wou hien séch ophält.

Ë puer Deeg ier d’Christiane op d’Jessy waart fir ee Rendez-vous beim Dokter, deen si awer am léifsten ausfaale loosse géing, gouf onerwaart ee Container an hier Cité geliwwert, deen déi gréisste Rätselen opgëtt.

Och gesäit d’Christiane zënterhier duerch hir Fënster, si ass ewell net méi esou kéng mam
Hond erauszegoen, een eelere Mann ronderëm schläichen, dee si fäert, well e friem ass, wéi och déi sëlleche Kanner, déi op eng Kéier mat Glacen doruechter laafen.

Dem Jean-Paul Maes seng Stécker hu meeschtens Iwerraschungen am Beidel. Wann ee mengt hinnen op der Spuer ze sinn, béië si gemenkerhand op en aneren, onerwaartene Wee of. Hien zielt zu deenen am meeschte gespillten Auteuren am Land.