Claudia Lucas Chéu – Joao Santos Lopes (op Lëtzebuergesch iwwersat vum Sandra Franco)
Ian de Toffoli – Jean-Paul Maes
Am Kulturjoer 2022 sinn et 65 Joer hier, datt zu Roum de Grondsteen zu der Europäescher Unioun geluecht gouf. Wat ass an deene 65 Joer geschitt? Wei huet d’EU sech entwéckelt a wéi zefridden, respektiv frustréiert stinn haut hier Bierger(Innen) do, an hierem Liewen.
Et geet eis dach all ëm eng „Gëlle Kou“. Mee wei gesäit déi aus? Wéi fett oder gouereg ass si an deene verschiddene Länner.
Zwee Auteuren, déi scho jorelaang matenee befrënd sinn, aus deenen zwee Länner, de Jean-Paul Maes an de Joao Santos Lopes haaten d’Iddi fir hier Impressiounen zu den aktuellen Zoustänn an hiere Lanner an zwéin Eenakter ze beschreiwen an hu mam Ian de Toffoli (L) an der Claudia Lucas Chéu (P) zwee Literaten vun der méi jonker Generatioun zu zwee weideren Eenakter animéiert.
Dërbai eraus koume witzeg, satyresch an awer och batter Texter, déi eis déi grouss Ennerscheeder an dese Länner opweisen, esou wéi déi ausgesichten Aureuren(Innen) se empfannen.
Am Kader vun LiteraTour2022 REMIXING CULTURE ESCH22
De Reportage vun RTL Radio kënnt Dir hei nolauschteren: https://www.rtl.lu/radio/feature/s/3980488.html